Bio Imkerei

Beien brauchen de Mënsch net!

Beienziichter sinn am allgemengen naturverbonne Mënschen, déi verstinn, dass d'Beien engem de Rhythmus diktéieren: Ofhängeg vum Wieder, der Joreszäit an dem Charakter vun dem eenzelne Beievollek. Et kann een de Beien näischt opzwéngen; Si bestëmmen wat grad vun Aarbecht ufällt: wéini se sech wëlle vermehren, wéini de Hunneg fäerdeg ass asw.

Beien ginn et schonn zanter méi wi 40 Milliounen Joer. Wéineg Liewewiesen konnten sech iwwer esou eng laang Zäit op der Äerd kënne behaapten an iwwerliewen. D'Beien hunn also villes "richteg" gemaach.

De Mënsch huet wahrscheinlech séier geléiert vun de Beien ze profitéieren: Hunneg, Wues, Pollen, Propolis asw. gi schonn säit Joerdausenden vu ville Kulturen héich geschätzt. Lues a lues huet de Mënsch och geléiert, wéi een de Beien de Hunneg kann huelen, ouni dobäi dat ganzt Vollek futti ze maachen.

Photo: Hunnegjeeër op enger 6000 Joër aler Höhlemolerei bei Valencia a Spuenien

De Mënsch zerstéiert d'Ëmwelt

Haut ass d'Bei dat Insekt, vun dem am meeschte gewosst ass. An trotzdem wësse mer wahrscheinlech nach laang et alles... Wéi wier et soss ze erklären dass d'Beien haut richteg a Gefor sinn? Et vergeet keen Dag ouni nei Hiobsbotschaft. Aus der ganzer Welt ginn ëmmer méi Problemer mat de Beien gemellt. An manner wéi engem Joerhonnert hu mär Mënschen et fäerdeg bruecht, verschidde Ressourcen op eiser Äerd esou ze plëmmen an di natierlech Prozesser esou ze stéieren, dass esou guer d'Beien elo Problemer kréien!

Di industriell - sougenannte "modern" - Landwirtschaft ass fir d'Beien problematesch: Op ville Plazen ginn d'Wisen haut 4-5x geméit, esou dass kaum nach eng Blumm eng Chance krit. D'Beien an aner Insekten fannen dann zäitweis kee Nektar a Pollen. Duerch den iwwerdriwenen Asaz vun ëmmer méi Pestiziden ginn d'Beien da weider geschiedegt an ufälleg fir Krankheeten.

Firwat ökologesch Beienzuucht?

Och d'Beienziichter hunn an deene leschten 80-100 Joer de Fehler gemaach: Ze vill eesäiteg Selektioun hin zu ëmmer gréisseren Hunnegerträg a manner Ofwierverhalen, Krankheetssymptomer gi mat Medikamenter behandelt, d'Schwärmen vum Beievollek gëtt ënnerbonnen an am Summer musse mer d'Beien fidderen fir dass se iwwerhaapt eng Chance hunn de Wanter ze iwwerliewen. Joerzéngtelaang sinn d'Beien op ville Plazen iwwerziicht ginn an hu vill un hirer ursprénglecher Vitalitéit verluer. Och doduerch sinn si méi ufälleg Krankheeten. Zesumme mat de schiedlechen Ëmweltaflëss huet dat als Konsequenz, dass ëmmer méi Beievölker deem net mi gewuess sinn a futti ginn.

All Beienziichter misst sech also d'Fro stellen op seng Art a Weis mat de Beien ëmzegoen de Bedürfnisser vun engem Beievollék genuch Rechnung dréit.

D'Ziel vun der ökologescher Beienzuucht as et d'Beien erëm mi aartgerecht ze féieren.

Biohunneg?

Grad wéi bei anere Bio-Produkten ass Hunneg aus ökologescher Beienzuucht also ee Produkt, wat am Sënn vu méi Nohaltegkeet produzéiert ginn ass.

Ee Beievollék sammelt Nektar a Pollen an engem Ëmkrees vun 3 km. Dat entsprécht engem Gebitt vun 30 km2! Als Beienziichter kann een just decidéieren, wou een seng Beien opstellt, mee duerno sinn et d'Beien di entscheeden wou d'Rees hi geet. Och als Bioimker kann een also net garantéieren, dass seng Beien nëmmen op ökologesch bestallte Felder fléien.

Amplaz "Biohunneg" misst et also éischter heeschen: "Hunneg produzéiert vu Beien aus ökologescher Imkerei".

Wéi aner Biobetriber sinn sinn och d'Bioimker kontrolléiert an certifiéiert.