jeudi 1 mars 2001

Wat huet dech da gepickt?

Éischt Erfahrungen no 3 Joer Freed mat Beien

 An enger Zäit wou d’Offer u Fräizäit-Aktivitéiten ëmmer méi grouss gëtt, kann ee net behaapten dat d’Imkerei do géif eng grouss Roll spillen. Et ass wuel éischter de Géigendeel. D’Fro, wéi ech da grad op d’Iddi komm sinn fir Beien ze halen, hunn ech natierléch vu ville Säite gestallt krit.
Mat dëser klenger Serie vun Artikelen wëll ech net nëmme probéieren eng Äntwert op déi Fro ze ginn, mee och verschidde Problemer uschwätzen déi sech mär perséinlech gestallt op mengem Wee zum Beienziichter.

Wéi hunn ech ugefaangen ?

Ech sinn eigentlech och net virbelaascht an iwwert Beien wousst ech net méi ewéi dat wat nach aus der Schoul hänke bliwwe woar. Weder an der Famill nach soss iergendwou hunn ech een kannt dee Beien hat.
Vu jonkem un huet dee gréissten Deel vu menger Fräizäit aus Sport bestanen an eng Zäit laang sin ech och zimlech oft op d’Sauer oder de Stau fësche gaangen. Wann een dann an ufänkt schaffen ze goen, bestued gëtt, Kanner krit, en Haus baut, seng Hobby’e net wëll opginn, da bleift natierlech net vill Zäit iwwreg fir nach aner Aktivitéiten.
Ech hu schlussendlech dach nach an der Famill ee fonnt dee Beien hat. Et woar dat de Jos Schaack (1890-1932) vun Uewerkuer. Hien woar vu Beruff Polizist an anscheinend eng Zäit laang Präsident vum Escher oder Déifferdenger Beieveräin.

Ech wier frou wann ech eppes méi iwwert dee Mann kéint gewuer gin an hoffen dat villäicht een eelere Beiemann mer do kann weider hëllefen.

Iergendwann kënnt dann awer de Moment wou een dann e bësschen méi roueg (liddereg ?) gëtt a wou een dann erëm Zäit fënnt fir nei Saachen unzegoen. Ech mengen dat ech 1996 do ukomm woar.
D’Iddi fir eng Kéier unzefänken Beien ze halen hat ech awer eigentlech schonn e puer Joer méi fréi, an ech hat mär deemools och mäin éischt Buch (Franz Lampeitl : Bienen halten) kaaft. Well ech dunn awer nach net genuch Zäit hat, ass et fir eng Zäit dobäi bliwwen.

Deen éischte Schrëtt

Deen éischte konkrete Schrëtt hun ech dann éischter duerch Zoufall am Hierscht 1996 gemaach wéi ech mat menger Famill iwwert d’Oekofoire spadséiert sinn. Do hun ech e frëndlechem Här mat engem breeden Hutt hannert engem Stand mat Beie-Produkter ugesprach a hien gefrot wéi een dann iwwerhaapt kéint ufänke Beien ze halen. Wéi den Zoufall dat esou wëll woar ech beim Jos Guth do direkt un dee richtege geroden ! Hien woar allerdings vill beschäftegt an huet gemengt ech soll einfach emol e puer Woche méi spéit bis op Kënzeg kommen : do wier eng gréisser Ausstellung an da kéint een an aller Rou doriwwer schwätzen.
E puer Woche méi spéit hunn ech mer dann emol alles erkläre gelooss wat se do ausgestallt haten a wat een dann alles esou géif brauchen fir Beien ze halen.
Um Beiendag zu Munneref huet de Jos méch dann dem Paul Jungels virgestallt an hien gedirängelt mer fir d’Fréijor zwee Konschtschwärm ze verkafen. Ech sin dann esou mam Paul verbliwwen dat ech just d’Magaziner op Branebuerg brénge misst an hien géiw mer Bescheed soen wéini ech d’Beien kéint siche kommen. Dat géif ongeféier Enn Mee oder Ufank Juni ginn.
Bis dohin woar et allerdings nach laang...

Eischt Kontakter mat Beien a Beieleit

Ganz geheier woar et mer net wéi ech am Fréijhor 1997 déi éischt Kéieren beim Jos Guth an beim Johny Mackel mat op Beienstänn kucke woar ! D’Boxentäschen woaren net déif genuch fir meng Hänn doran ze verstoppen ! Fir engem d’Angscht ze huelen gëtt et wuel näischt besseres wéi engem eng Rimmchen mat Beien drop an de Grapp ze drécken...
Fir en Ufänger gëtt et näischt méi wichteges ewéi praktesch Erfahrungen bei erfuerene Beieleit ze sammelen. Am Géigesaz zu Bicher an Zäitschrëften ass et hei och éischter esou dat et besser ass fir méi Leit iwwert d’Schëllere ze kucken.
Ech mengen hei wier et wichteg wann de Veräiner, respektiv dem Landesverband, déi Beieleit, déi bereet sinn engem Ufänger praktesch ze hëllefen, bekannt wieren. All Ufänger, deen z.B. d’Couren zu Huelmes oder Wolz matmécht, kinnt sech dann mat engem Beiemann aus senger Géigend a Verbindung setzen an iwwert dee Wee déi néideg praktesch Erfahrungen sammelen.
Et ass sécher  och esou dat een am Ufank bei wäitem net all Zesummenhäng vun deenen eenzelnen Handgrëffer versteet. Dat kënnt spéider vum selwen wann een u sengem eegene Vëlker schafft an sech dann un d'Aart a Weis erënnert wéi deen oder oder deen aneren dëst oder dat gemaach huet. Dann eréischt kann een och vergläichen a sech dann vu jidderengem dat Bescht eraussichen fir säin eegene Wee ze fannen.

Eng vun deene flott’sten Saachen : De Beien virum Fluglach nokucken.

Bicher, Zäitschréften an Couren zu Huelmes a Wolz

Ech hu mech op Huelmes a Wolz an d’Couren vun de Beieschoulen gemellt an doniewent och probéiert mech esou gutt ewéi méiglech ze informéieren : Niewent de Couren hun ech mer nach verschidde Bicher kaaft, hunn eng Zeitung abonnéiert (Die Biene), an si bal iwwerall dohinner gaangen wou iergend eppes iwwert Beien verzielt ginn ass.
Mee wat ech méi Bicher an Zeitungen gelies hunn a wat ech méi Virträg besicht hunn, wat sech mär ëmmer méi Froen gestallt hunn. Nët dat ech keng Äntwerten op déi Froen fonnt hätt, mee am Géigendeel : Op all Fro goufen et ëmsou méi Äntwerten, wat ech méi Leit ëm Rot gefrot oder doriwwer eppes gelies hunn !
Ech erënnere mech nach gutt un e Cours zu Wolz. Oft si net nëmmen Ufänger am Sall, mee och deen een oder aneren gestanene Beiemann. Ech weess nët méi genau wéi eng Fro ech do gestallt hunn ; et souzen op jiddefalls deemools zwee eeler Hären am Sall (een dovun de Johny Bertemes), wou deen een mat jo an deen aneren mat nee geäntwert huet. Bal wären se sech dorops hin an d’Hoer geroden...

Froen iwer Froen...

Mat wéi engem Magazin soll ech imkeren ?

Dat ass wahrscheinlech déi Allerwichtegst Fro fir all Ufänger, well een net kann vun haut op moar d’Magazin wiesselen wann et engem net passt. Och wann eppes anescht ewéi e Magazin vun Ufank un nët a Fro koum, woar d’Auswiel vu verschidde Moossen dach grouss : Däitsch-Normal, Dadant, Dadant-Blatt (10 oder 12 Waben), Langstroth, Zander ...
No laangem hin an hier hunn ech mech schlussendlech fir Dadant-Blatt (12 Waben) entscheed, an dat wuel éischter aus Commoditéit well zur selwechter Zäit eng Rei Memberen vum Caper Veräin eng gréisser Bestellung vun esou Magaziner opginn hunn. Bis haut hunn ech déi Entscheedung nach net bereit, och wann ech mär heiansdo do d’Fro stellen op Langstroth oder Zander nët dach déi besser Léisung wier well dat weltwäit déi am meeschte genotzte Magaziner sinn.

Mat wéi enger Bei soll ech ufänken ?

Wann ech och aus de Bicher vu Carnica a Buckfast wousst, esou hätt ech dach net geduecht dat esou ee kriddelegt Thema wier ! Ouni hei iergend engem hei wëllen ze no ze trieden, hunn ech séier spatz krit dat d’Beieleit sech ganz schwéier gedoen hunn sachlech iwwert di verschidde Rassen mateneen ze schwätzen.
Wéi ech dann guer nët méi wousst wouhin, sin ech dann och nach op e klengen Artikel an enger däitscher Beienzeitung gestouss (et woar am Abrëll...) wou vun enger neier Rass riets gaangen ass : enger Kräizung zwëschent der Bei an dem Bommel déi se « Bombapis » genannt hunn. Wéi hunn ech mech geschummt wéi ech ee Beiemann gefrot hun op dat dann net d’Léisung wier...
De Problem huet sech du vum selwen geléist: Vum Paul Jungels hunn ech zwee Buckfast-Konschtschwärm krit, vum Jos Brandenburger zwee Carnica-Ableger an de Johny Mackel huet mer gehollef ee Schwaarm ze fänken.
Mat deem néidege Recul fannen ech dass d’Fro vun der Rass fir en Ufänger zweetrangeg ass. Et ass vill méi wichteg drop opzepassen eng roueg Bei ze kréien mat där et méiglech ass esou wäit ët geet ouni Händschen ze schaffen.

Mat wéi vill Vëlker soll ech ufänken ?

Wéi gesinn woaren et der schlussendlech 5, wat och genuch woar. Ech mengen dat ee mindestens mat 2-3 Vëlker soll ufänken fir net bei deem klengste Malheur mat eidelen Hänn do ze stoen.

Wou kann ech meng Beien opstellen ?

An de Goart koum net a Fro : Mär woaren eréischt am Summer 1996 geplënnert an ech wollt net schonn fir unzefänken Buttek mat den Nopere kréien.
No laangem sichen hunn ech dunn zu Uewerkäerjeng vun engem frëndleche Mann ee Gaart zur Verfügung gestalt krit, wäit aus de Féiss vun all Haus. Vun der Käerjenger Gemeng hunn och nach d’Erlabnis krit Beien zu Lénger op ee vun hiren Terrain’en ze stellen.

Ech weess net wéi vill mol ech mam Mountainbike all Feldwee an der Géigend ofgeklappt hunn fir déi ideal Plaz ze fannen : Ausriichtung no Ost, Süd-Ost, an engem liichten Hang, eng Heck am Réck huet e misse sinn! Mee e krit ee leider keng gemoolt...

Beieschoul

Deen éischten Deel hat ech ofgeschloss mat e puer Froen déi mech (net eleng !) vill beschäftegt hunn. Et wier nët schlecht wann een engem Ufänger verschidde Froen kéint ofhuelen. Dofir op dëser Plaz e puer kritesch Bemierkungen zu eise Beieschoulen :
Op di wichteg Fro nom Magazin an där dozou passender Betribsweis hunn ech an de Schoulen zu Huelmes a Wolz keng kloer Äntwert krit. Am Géigendeel : Jiddereen huet méi oder wéineger Reklamm fir seng eege Betribsweis gemat, woumat awer kengem gehollef ass...
Ech wëll hei net falsch verstane ginn an déi Leit, déi oft mat vill Idealismus d’Beieschoule leeden, schlecht rieden. Ech hunn esou wuel zu Huelmes ewéi zu Wolz villes dobäi geléiert. Mee am Interessi vun der Beienzuucht misst een et dach fäerdeg bréngen sech op eng oder maximal zwou Magazin-Gréissten ze eenegen an dann de Programm vun de Cours’en dorop hin op ze bauen. Et hält jo och net all Schoulmeeschter säi Cours eleng no senge Meenungen an Iwwerzeegungen.
Ech hätt ët och léiwer gesinn, wann an de Cours’en méi praktesch Aarbechten un de Beien géife gewise ginn. Well dat iwwert d’Wanterméint jo net ëmmer méiglech ass, sollt een déi meeschte Cours’en da villäicht an d’Fréijor oder de Summer leeën.

Wou stinn ech haut a wéi schaffen ech ?

Ech hunn 1997 mat 5 Vëlker ugefaangen. Haut hunn ech der 15, déi op zwee Stänn zu Uewerkäerjeng a Lénger verdeelt sinn. Méi wëll ech der am Moment och net, well ech färten dann den Iwwerbléck ze verléieren. Ech schaffen mat Dadant-Blatt Magaziner (12 Waben), mat Ofspärgitter, ½-héijen Hunnegzargen an ech benotzen Bienenfluchten.

Beiestand zu Uewerkäerjhéng

Ech wëll mat mengen 3 Joer Erfahrung hei kengem eppes neies verkafen, mee just un Hand vun e puer Beispiller erklären wéi ech probéieren mat menge Beien ze schaffen.


Schwarmkontroll


Déi éischt zwee Joer hunn ech regelméisseg kontrolléiert, mee wahrscheinlech net gutt genuch, well ech hat ëmmer deen een oder anere Schwaarm. Dunn hunn ech mer geduecht : Firwat net d’Schwarmkontroll op der Säit loossen an déi Zäit an Aarbecht, déi eng Schwarmkontroll mat sech bréngt, an e puer méi Vëlker investéieren ? Ech probéieren dofir awer Bedingunge ze schafen, déi d’Schwarmloscht niddereg hale soll, wéi z.b :
  • 1-jähreg Kinniginen,
  • Genuch Plaz am Brutraum
  • Ufank Mee 1 Brutwab aus deene stärkste Völker huelen fir Ableger ze maachen

Mam Resultat no deem éischte Joer sinn ech eigentlech zefridden : Natierlech hat ech e puer Schwäerm, mee nëmme bei Vëlker mat bei 2-jährege Kinniginen. Op schonn ech méi Völker hat, woar den Aarbechtsopwand méi oder wéineger dee selwechten.
Ech si mer awer bewosst dat och emol an d’A goe kann...

E Schwarm ass eppes wat een emmer nees faszinéiert.


Varroabehandlung


Ofgesinn dovun dass d’Varroa och elo bei eis esou gutt ewéi resistent op den Apistan ass, ass et haut (am Zäitalter vun de Liewensmëttelskandaler...) einfach net méi ze vertrieden blannemännches eis Beievölker mat der chemescher Keul ze behandelen.
Vun 1998 un behandelen ech nëmme nach mat Seechomessen- an Oxalsäier. Och wann den Opwand wesentlech méi héich ass ewéi mat den Apistan-Sträifen, hunn ech hei awer d’Gewëssheet keng bedenklech Substanzen a Wues an Hunneg ze kréien.

Behandlung mat Seejomesse-Säier (Method LIEBIG)

Ech hunn och all meng Biedem mat Gitteren equipéiert fir zu all Moment kënnen ze kucken wéi et mam Varroabefall an de Vëlker steet. De Gitterbuedem mat enger « Wëndel » ass zemools virun der Oxalsäierbehandlung wichteg. Géint Enn Oktober leeën ech d’Wëndel ënnert d’Vëlker an zielen dann no 10 Deeg wéi vill der gefall sin : Bei deene Vëlker wou no 10 Deeg keng Varroa gefall ass, kann een op d’Nobehandlung mat Oxalsäier verzichten.

A leschter Zäit konnt een a verschiddenen däitsche Beienzeitungen iwwert d’Wierkung vu Kapuzinerkresse op d’Varroa liesen. Ech hun dat d’lescht Joer probéiert. Mäi Beistand huet immens flott ausgesinn, mee gehollef huet et leider net. Hat ech villäicht net di richteg Zort ?

Och déi nei Method fir d’Oxalsäier am Vollek ze verdämpen ass nët ongeféierlech !

D’Wierkung vu Seechomes- an Oxalsäier gud genuch fir d’Medikamenter kënnen ze ersetzen. Mee d’hantéieren mat Saieren ass eng ganz geféierlech Affär, sief et fir den Ufänger (keng Erfahrung), oder fir den (zevill) routinéierte Beiemann. Ech zweiwelen drun op een dat jidderengem kann zoumudden.
Esou laang keng manner geféierlech Methode fonnt ginn, mussen d’Veräiner hir Responsabilitéit huelen an hire Memberen eng praktesch Hëllef kënnen ubidden. Och d’Beieschoulen droen hei eng grouss Verantwortung.

Wéi eng Betriibsweis as di bescht ?


Op déi Fro wärt et wuel ni eng Äntwert ginn ! Hei muss jiddereen mat de Joeren säin eegene Wee fannen. Mee engem Ufänger muss een kënne vun Ufank un eng einfach Betribsweis mat op de Wee ginn, déi him et erméiglecht no engem Joer säin éischten Hunneg ze schleideren.
An der Praxis ass souwisou villes anescht ewéi an der Theorie, a fir ee jonke Beienziichter wärt et vill onerwaarte Situatioune ginn. Amplaz d’Äntwert da wëllen an engem gescheite Buch no ze liesen, ass et fir hien da sécher vu Virdeel wann hien seng Fro engem erfuerene Beienziichter stelle kann.

Beien ginn et schonn säit iwwer 50 Millioune Joer. Wann mer deen Zäitraum bis haut mat engem 24-Stonnendag vergläichen a bedenken dat eréischt am Joer 1845 de Johan Dzierzon d’Parthenogenes entdeckt huet, da wier dat eréischt 3/10 Sekonnen hier !
D’Beien si bis elo ganz gutt ouni eis eens ginn ! Dorun soll een ëmmer denken ier een eng Beiekëscht opmécht fir un engem Vollek ze schaffen.


Wat ech nach alles probéiert hun..


Och wann ee seng Rimmercher a Magaziner net all selwer zesummen zammert, deet een awer gutt drun keng zwou lénker Hänn ze hunn. Ech hu mech duerfir dann och an de Schräinercours vum CPFC  gemellt wou ech als Haaptaarbecht ee Schaukasten gebaut hun : 2x2 Dadant Bruttwaben héich. All Beienziichter sollt onbedéngt ee Schaukasten hun ! An deen ass net nëmmen do fir en anere Leit ze weisen, mee haaptsächlech fir selwer dran ze luussen an z.b. der Kinnigin nozekucken wann se Eeër leet !

Wann ee Beien hält wier et schued wann een dat nëmmen wéinst dem Hunneg géif maachen.
Meng éischt Recolte (den 8. Mee 1998) woar net Hunneg mee Pollen ! Mat mengen éischte Magaziner hat ech mer direkt och zwou Pollefaalen besuergt.

Bei guddem Wieder, wann d’Pollefaalen zou sinn, probéieren ech se all Dag eidel ze maachen, fir dass de Pollen net riskéiert schimmeleg ze ginn. Duerno kënnt en direkt an den Tiefkühler (an enger Plastiksschossel mat Deckel ). Esou brauch een di kleng Déiercher net all eraus ze fëschen (D’Pollekären peschen och net uneneen fest !). Spéider gëtt en dann am Dréchenapparat während 36 Stonnen gedréchent an uschléissend gebotzt.

All Beienziichter weess dat Propolis, méi nach ewéi Hunneg, mat dat bescht ass wat et géint Halswéi gëtt. Wann ech bei meng d’Beien ginn, hunn ech ëmmer en Dëppchen fir de Propolis dobäi. Da muss ee just drun denken es hei an do vun engem Rimmchen oder vum Magazin (aus dem Hunnegraum) erofkrazen. Et huet een es séier genuch fir den Hausgebrauch vun engem ganze Joër.

Eppes ganz interessantes ass Wabenhunneg. An enger Zeitung sin ech eng Kéier op en Artikel gestouss wou iwert Ross Rounds (c) riets goung. Dat ass e formidabel einfache System fir Wabenhunneg ze maachen. Well een hei net vill doriwwer gewuer gëtt, hunn ech iwwer Internet (http://www.rossrounds.com) Kontakt opgeholl mam Produzent vun dem System. Déi waren esou frëndlech fir mer e Buch iwwert Wabenhunneg ze schécken.

Eng färdeg ausgebaute Sektioun.

Fir dran ze bäissen !

Anescht ewéi hei an Europa, ass Wabenhunneg an Amerika zimlech bekannt. Do kréien jonk Beieleit esouguer geroden mat Wabenhunneg unzefänken ! D’Argumenter leien op der Hand : Et ass déi einfachsten a bëllegst Manéier fir Hunneg ze recoltéieren : Et brauch een keng deier Schleider, Filteren, Kiwwelen etc. an et ass manner Aarbecht !
De Problem hei an Europa ass awer leider deen dass Wabenhunneg wäit manner bekannt ass an dass een de Leit (an de Beienziichter !) dee Produit nach muss méi no bréngen. An Amerika a Canada ginn iwwregens esou ronn Sektiounen Wabenhunneg fir 120 bis 220 Frang d’Stéck verkaaft (ongeféier 220g Wues mat Hunneg) !


Zuucht


Wou fänkt een un vu Beienzuucht ze schwätzen ? Ass jiddereen dee Beien hält och ee Beienziichter ? Jo an neen. Als Ufänger muss een Ableger fäerdeg bréngen. Iwert dee Wee ziicht een sech jo dann jonk Völker erun fir eelerer ze ersetzen. Op een dofir Zelle bei en Ziichter kaafe geet oder d’Beie selwer gewärde léisst ass dobäi emol net esou wichteg.
Déi richteg Zuuchtaarbecht fänkt allerdings eréischt dann un wann een Selektioun bedreift, an hei halen ech et emol nach léiwer mam Sprachwuert : Wanns de näischt dovu verstees, da schwätz och net dovun ! Als Ufänger feelt engem oft nach net dee richtege Bléck fir di gutt vun deene manner gudde Kinniginnen ze ënnerscheeden (Just di pickeg fënnt een navell séier…) Et ass een oft nach ze vill mat deenen elementaren Handgrëffer beschäftegt fir sech un d’Zuucht erun ze woen.



Um Moart


D’lescht Joër hun ech mech fir d’éischt mat méngem Hunneg, Pollen a mat e puer Käerzen op een Hobbymoart getraut. Och hei kann een allerhand bäiléieren, z.b. dass d'Leit heiansdo méi iwert déi verschidde Beieproduit'en wëssen ewéi een selwer !
 De Schaukasten däerf hei net fehlen

Eng Remarque och zu der Marque Nationale : An enger Zäit wou ee Liewensmëttelskandal deen aneren ofléist komme wäerte mer op kuerz oder laang net dolaanscht kommen verschidde Kritären iwwert d’Belaaschtung mat Medikamenter géint d’Varroa a Fro ze stellen. Vill Leit kennen d’Glas mam rouden Deckel an der gieler Etikett a wëssen dass dëst eng Garantie ass fir Qualitéit. Ech fannen dass d’Beienziichter alleguer Interessi dorun hunn dass den Hunneg vun der Marque Nationale d'Referenz bleift.



Zu gudder Lescht…


… nach eng kleng Anekdot déi mer ze bedenke ginn huet :
Vu menge 5 éischte Völker woar eent esou pickeg dat ech decidéiert hat d’Kinnigin auswiesselen. E bëssen e schlecht Gewëssen hat ech schonn wéi ech se ofgedréckt an eng nei Zell agehaangen hunn. Wéi ech du meng Saache gepaakt hat an zeréck bei den Auto goe wollt, sinn op eemol e puer rose Beien mer nogeflunn. A wéi ech déi mat der lénker Hand verjoe wollt – wutsch – do ass mäi Brautrank an d’Hecke geflunn ! Ech hunn d’hallef Heck ëmgehaen, mat engem Metalldetektor gesicht, mee de Rank hunn ech bis haut net erëm fonnt. An esou huet mäin Danielle mer fir zweet e Rank ugedoen…

Beien halen ass eben méi ewéi nëmmen en Hobby !

Aucun commentaire:

Publier un commentaire