samedi 4 décembre 2004

Agro-Gentechnik: Oppene Bréif un d'Politiker

Iwwert di onméiglech Koexistenz tëschent konventioneller an ökologescher Landwirtschaft op där enger, an dem Landwirtschaft mat genmodifizéierte Planzen op där anerer Säit

 Mat deem Projet de Loi wëllt der d’Koexistenz tëschent konventionellen, biologeschen a gentechnesch verännerte Kulturen an der Landwirtschaft regelen. Iwwert e Règlement Grand-Ducal wëllt der spéiderhin minimal Distanze festleeën, déi tëschent deene verschiddene Kulturen sollen agehale gin.

Ech erlabe mer ierch hei op eng Rezent Etude (http://www.defra.gov.uk) vun englesche Wëssenschaftler hinzeweisen: Si hunn erausfonnt, dass genmodifizéierte Raps ee Feld mat aner Rapszorten an enger Entfernung vu 26 km contaminéiert huet! Eng Koexistenz, esou wéi se am Projet definéiert gëtt, ass also net méiglech, a scho guer net ze iwwerwaachen. Esou wäit ech weess hu mer bei eis am Ländchen kee Punkt, dee méi wäit ewéi 26 km vun enger Grenz ewech läit. Op kuerz oder laang wäert et also net emol méi méiglech sinn Lëtzebuerg fräi vu OMG-Kulturen ze halen.

Well ech niewelaanscht och Beienziichter sinn, a well meng Beien jo Nektar a Pollen vu Planze sammelen, froen ech mech och wat duerch d'Agro-Gentechnik alles esou op mech duerkomme wäert.Dee Projet de Loi schléit jo och vir, dat jiddereen, dee gentechnesch verännert Planzen wëll séien, sech géint de Risiko vun eventuelle Schied u Planzen vu Noopeschfelder muss versécheren.
Muss ech als Beienziichter mech och an Zukunft versécheren, fir dee Fall wou meng Beien de Pollen vun engem genmodifizéierte Rapsfeld op engem Bauer säin biologescht oder konventionellt Rapsfeld iwwerdroen?
Oder musse mär Beienziichter an Zukunft d’Baueren usichen, well si eisen Hunneg mat gentechnesch verännertem Pollen contaminéieren?

Hu mär se da nach all?

Wann ee scho mengt ze wëssen dat hei ee beträchtleche Risiko besteet, muss ee Politiker dann net „en bon père de famille“ handelen, dee Risiko vu vireran ausschléissen, de „séchere Wee“ goen a konsequent géint d’Uplanzen vun OGM antrieden?

Solle mer, hypokritesch wéi mer sinn, villäicht virun all OGM-Felder grouss Schëlter opstellen: „Risque de nuire gravement à la santé“?Well een d’Auswierkungen vun der Agro-Gentechnik op di konventionell an ökologesch Landwirtschaft, esou wéi op d’Gesondheet vu Mënsch an Déier nach net kann ofgesinn, sinn di allermeeschte Leit an Europa dogéint.

Dofir, léif Politiker: Verstoppt iech dach w.e.g. net hannert Gesetzer, déi vun der Realitéit schon iwerhol sin, nach ier se gestëmmt sin!

Während der EU Présidence kënnt der Accenter setzen a kloer weise wou der stitt: Op der Säit vun der Lobby vun der Agro-Gentechnik oder op der Säit vun deene Leit déi Iech gewielt hunn an déi der a Chamber, Regierung, EU-Parlament an EU-Kommissioun vertrëtt!

A wann dat Thema ierch wierklech interesséiert, hei ee klenge Buchtip fir ënnert de Chrëschtbeemchen: "Ces OGM qui changent le monde" - Gilles-Éric SÉRALINI (2004) - FLAMMARION

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire