vendredi 12 juillet 2013

Lëtzebuerg ersauft am Glyphosat

Eng ganz bedenklech Praxis aus der intensiver Landwirtschaft gëtt also elo offiziell vun der Landwirtschaftskammer recommandéiert. Nämlech de flächendeckenden Asaz vu Glyphosat, besser bekannt ënnert dem Numm ROUNDUP

Zitat Chambre d'Agriculture (Pflanzenbauberatung, Juli 2013): "Zur Ernteerleichterung und um zu verhindern, daß Unkrautsamen die Feuchte der Getreideprobe anheben, können stark verunkrautete oder zwiewüchsige Getreidebestände mit einem glyphosathaltigen Produkt ab-gespritzt werden."
Em wat geet et? Wann de Bauer seng Kären an der Millen ofliwwert, gëtt ënnert anerem d'Fiichtegkeet gemooss. Ass déi ze héich, kritt de Bauer manner bezuelt. Also gëtt gesprëtzt dass et kraacht!
Zu Lëtzebuerg ginn op iwwer 20.000 Ha Kären ugebaut. Bei 3L Roundup/Ha ka jiddereen sech ausrechnen wéi vill vum Herbizid Roundup elo op d'Felder gespritzt gëtt.

Réckstänn vu Glyphosat kommen esou och an d'Brout, an uschléissend an de mënschleche Kierper! Dat weisen Analysen, déi elo vum "Bund für Umwelt und Naturschutz Deutschland (BUND)" verëffentlecht goufen: http://www.bund.net/index.php?id=18026

Well zu Lëtzebuerg d'Thema Pestiziden Tabu ass, gouf och dës sensibel Tatsaach bis elo ënnert den Teppech gekiert!

Wéi et schéint, kënnt elo awer Bewegung an den Dossier. Wahrscheinlech wéinst de Studien aus Däitschland hunn di Verantwortlech vun der Klengbettener Millen sech elo iwwert di Praxis opgereegt. Aus guddem Grond: Ee groussen Deel vun hirem Miel gëtt un d'Bäcker verkaaft...

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire